Nordy Kids Cup 2026 - Part 2
25th May 2026
TC Nordstad
Am Kader vum Tournoi de détection et de sélection gouf Samschdes den 23. Mee déi 2. Editioun vum Nordy Kids Cup 2026 organiséiert.
Op engem flotte Moien goufen vun 9h00 bis 13h00 ronn 70 Matcher am U6 an am U8 gespillt.
D'Kanner hate vill flott Matcher, vill Spaass an a rondrem d'Sprangschlass a hunn sech bäi de warmen Temperaturen hir Glace gutt schmaache gelooss.
Ee grousse Merci un all d'Arbiteren déi gemaach hunn, dass alles perfekt reibungslos ofgelaf ass.
