Nordy Kids Cup 2026 - Part 1
7th May 2026
TC Nordstad
Um Freiden den 1. Mee 2026 wär déi alleréischt Editioun vum Nordy Kids Cup vum TC Nordstad, een U6 an U8 Tournoi deen als Haaptzil huet dene jonken Tennisspiller*Innen ee flotte Start an d'Competitioun ze erméiglechen.
D'Formule ass ganz gutt ukomm a sou hunn 45 begeeschtert Kanner de ganzen Nomette bäi eis um Site verbruecht an insgesamt 125 Matcher gespillt!
Och den TC Nordstad hat 7 Spiller*Innen dobäi déi éischt Erfahrungen an/oder éischt Victoire sammele konnten.
De gudden Oflaf vu sou engem Tournoi ass nëmme méiglech wa ganz vill Leit eng Hand mat upaken an an dem Kontext gëllt virun allem eise Kanner a Jugendlechen ee gewaltege Merci déi de ganzen Dag mat vill Gedold all déi Matcher arbitréiert hunn! Merci Emma, Ly, Jana, Nicolas, Lina, Amélie, Lexy (an der Hoffnung kee vergiess ze hunn). Ee grousse Merci natirlech och un all d'Elteren déi eppes gebak hunn oder soss eng Hand mat ugepak hunn.
Et wär ee flott Tennisfest wat dem TC Nordstad ganz vill positive Feedback bruecht huet a Loscht op déi 2. Editioun mécht déi den 23. Mee während eisem Päischt-Jugendtournoi wärt statt fannen.
