Start
28/11/2026 18:30
End
29/11/2026 01:00
Documents
Informations
Samschdes den 28. November 2026 organiséiert den TC Nordstad säin éischten Quizowend ab 18h30 zu Angelduerf am Centre Culturel.
Bis zu 20 Ekippen vun maximal 4 Leit kënnen Deel huelen. De Präiss pro Ekipp fir matzemaachen ass 20€. D'Inscriptioun geschitt iwwert ee Google Forms an ass réischt validéiert wann déi 20€ bezuelt sinn.
D'Iëssen (Chili con/sin carne) a Gedrénks gëtt Owes sur Place bezuelt.
Et gëtt Präisser fir déi 3 beschtklasséiert Ekippen.
Oflaf vum Owend:
18h30: Apero
19h00: Start vum Quiz
20h00: Iësspaus
20h30: 2. Deel vum Quiz
22h00: Relaxe Patt zesummen mat animéierten Diskussiounen iwwert alles wat ee wousst oder och net wousst :-)